top of page

Vun Ostara an Ouschteren




Wosst dir dass Ouschteren deen eenzegen chrëschtlechen Feierdag ass, deen keen festen Datum huet, mee sech komplett nom Vollmound riicht? Ouschteren fällt emmer op den éischte Sonnden nom éischte Vollmound am Fréijoer. Dat ass en Überbleibsel vum heedneschem Brauchtum, wou sech vill Fester nom Mound geriicht hunn (wann och net all, verschiddener hun sech nom Mound an aanerer no der Sonn geriicht).


Ouschteren ass zwar wuel eent vun de wichtegste chrëschtleche Feierdeeg, mee gouf scho laang virun der Aféierung vum Chrëschtentum grouss gefeiert. Zu Zäiten wou et nach kee Supermarché gouf an d’Vorräte déi een sech gemausert hat doriwwer entscheed hunn op een iwwert de Wanter géif kommen oder net, war d’Zréckkommen vum Liewen an der Natur net nëmmen stark erséihnt mee och iwwerliewenswichteg.


Eis Ahnen hunn d’Natur genee betruecht, d’Planzen sou wéi d’Déieren, fir ze erkennen wéini de Wanter endlech säin Enn géif fannen a domat Platz fir neit Liewen géif maachen. Sou waren déi éischt Eeër vun den Hénger, déi am Wanter keng geluecht hunn, helleg a si verehrt ginn. Och sinn d’Huesen geéiert ginn, well déi sech am Fréijoer sou virsätzlech vermehrt hunn an dem neien Liewen all Éier gemeet hun. Déi Verbindung mat deem Feierdag an Ouschtereeër rsp. Huese ass bis haut bliwwen…


Alles huet sech em dat neit Liewen gedréit, em dee weiblechen Prinzip vun Mamma Natur déi nom laange Wanter rëm erwächt ass an eis Mënschen räich beschenkt huet. Et war e Fest voller Freed an Dankbarkeet, wou den Neiufank an d’Onschold verehrt goufen. Et gëtt och vun enger Fréijoërsgöttin Ostara germaneschen Ursprongs bericht. Sou huet de Jacob Grimm (dee bekannte Schrëftsteller vun de Gebridder Grimm) 1835 aus dem mëttelhéichdäitschen „ôstarmânôt“ de Numm „Ostara“ fir d’éischt benotzt. Haut ass allerdings ëmstridden op déi Hierleitung richteg ass an den Numm Ostara wierklech bei de germanesche Vëlker benotzt gouf oder net.


Ganz egal wéi dat Fest schlussendlech genannt gouf, et kann ee staark dovunner ausgoen, dass et vu jidderengem bekannt war a ganz staark am Bauerntum verankert war, sou wéi all d’Fester em déi Zäit, well ee weess dass de Gros vun eise Virfahren landwirtschaftlech beschäftegt waren. Leider ass wéineg bis näischt iwwert déi verschidden Traditiounen opgeschriwwen ginn, mee et weess een ënnert anerem duerch d’Berichter vun der Kierch, dass et déi Fester gi sinn an dass se fir d’Vollek deemools vun gréisster Bedeitung waren.


Wou versicht ginn ass den Chrëschtentum un d’Leit ze bréngen ass sech op déi scho bestoend Fester baséiert ginn, well et schwéier gewiergt wär eng nei Relioun anzeféieren, déi mat komplett neien Konzepter komm wär. Leider huet - op mannst menger Meenung no - de Chrëschtentum vill Schwéiert an dat Fest bruet. De weiblechen Konzept vun der Fruchtbarkeet ass leider ganz erausgeholl ginn an et sinn traureg Themen mat erabruet ginn: Bedruch vun enger Vertrauenspersoun, Leed, Kräizegung a natierlech Doud. Och d’Aféieren vun der mënschlecher Sënn, ass e Konzept daat et bis dohinner net gouf. D'Opentstehung vun der Natur nom Wanter ass dunn schlussendlech an der Opentstehung Christi iwwersat ginn.


Vun de meeschte Leit gëtt de kelteschen Feierdag Ostara allerdéngs em de Fréijoersufank rsp. der Fréijoer-Dag-a-Nuecht-Gläicht gefeiert. Ech muss soen eigentlech hat ech och geplangt em déi Zäit en Text doriwwer ze verfaassen, mee ech selwer hat dunn knapps mäi Kapp aus der Wanterhöle gestreckt. Dës läscht Deeg hunn ech awer déi Qualitéit vun Ostara déif gespuert an dofir hunn ech nach vum Ouschterweekend profitéiert, fir dann awer e puer Wieder driwwer ze schreiwen.


Et soll mer erlaabt sinn… schliisslech wësse mir net ganz genee wéi déi keltesch Fester gefeiert gi sinn… Ech fir mäin Deel gleewen fest drun, dass eis Virfahren sou déif mat der Natur verbonne waren, dass si dofir kee Reminder am Kalenner gebraucht hun, mee sech wonnerbar mat der Energie vun der Qualitéit vun deem Fest konnte verbannen an dat dann gefeiert hunn, wann et fir si grad gepasst huet. Dat konnt dann vun enger Plaz op déi aner sech mol op puer Wochen verzögeren…


Ech wënsche jidderengem schéin Ouschteren, Ostara, Fréijoersufank, WE (oder waat fir (oder waat fir iech grad passt).

Cynthia



Mots-clés :

Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page