top of page

Räucherungen: Palo Santo, wäisse Salbei oder lokal Planzen?

Wann een sech iwwert d’Räucheren informéiert, kennt ee guer net laangt des 2 Räuchermaterialien: Palo Santo a wäisse Salbei. Des ginn mëttlerweil weltwäit benotzt a geschätzt an dat ass absolut ze verstoen, well se hunn eng ganz laang Geschicht an de schamaneschen Praxisen vun ganz alen Kulturen an brauchen sech net méi ze beweisen. An eigentlech wéilt ech mech doriwwer freeën, dass des Praktiken ëmmer méi populär ginn, mee leider kommen ech net derlaanscht, den onetheschen Aspekt unzeschwätzen.



Palo Santo


Bei Palo Santo (iwwersat: hellegt Holz) handelt et sech net em e Kraut, mee em en Holz. Fir ze Räucheren, gëtt dëst Holz a Form vu klénge Stécker, sougenannten Räuchersticks verkaf, déi een kann ufänken. De Palo Santo Bam Bulnesia arborea wiisst gréisstendeels an Südamerika, déi meescht Beem fënnt een am Ecuador an am Peru. D’Haarz vun dësem Holz enthält vill ätheresch Ueleger duerch déi den typeschen Doft entsteet. Den Aroma vum Holz hänkt ganz vill dovunner of wéi e geerntet, gelagert a gedreschtent gëtt.


Säit Joerhonnerten gëtt Palo Santo vun indigeene Vëlker a Südamerika geräuchert an gekacht. D’Räucherung ass déif an dësen Kulturen verankert an och als traditionellt Heelmëttel gehéiert de Palo Santo do quasi zum Alldag.


De Problem mam Palo Santo ass dass en mëttlerweil sou beléift an der westlecher Welt ass, dass d’Nofro méi grouss ass wéi d’Produktioun – dat kennt schonn eleng dovunner dass nëmmen déi weiblech Beem kennen benotzt ginn an des eng Liewensdauer vun tëscht 40 an 70 (bis munchmol 100 Joër) hunn. De beschte Wee fir vum Palo Santo ze profitéieren, sou wéi et och traditionell vun den indigeener Vëlker gemaach gëtt, ass de Bam op natierlech Aart a Weis stierwen ze loossen an en dann fir eng länger Periode vun 4-10 Joren am Bësch leien ze loossen. An dëser Zäitspan forméieren sech dem Bam seng Haarzer déi fir deen typeschen Palo Santo Geroch stinn.


Och wann et am Equador an am Peru verbueden ass, e Palo Santo Bam ze fällen, ass dëst e Gesetz wat ganz schwéier ze kontrolléieren ass. Sou dass duerch déi grouss Nofro ëmmer méi illegal Ofholzungen zum Problem ginn. Well dëst Holz net richteg geernet a gelagert ginn ass, gin deem Holz Chemikalien bäigefüügt, fir dass en no richtegem Palo Santo richt. Dat ass also net nëmmen eng traureg Geschicht fir d’Natur, mee kann fir deen wou d’Endprodukt herno räuchert och nach ënner Ëmstänn gesondheetlech geféierlech sinn. Dofir gëtt beim Kaf vu Palo Santo ëmmer drop higewisen, dass een soll dorop oppassen, dass en aus zertifiéierten nohaltegen Plantagen kennt.


Mee och do ass dann wär nach en aneren Problem: De Palo Santo gëtt mëttlerweil souvill vermaart, dass déi indigeen Vëlker ëmmer manner Accès drop hunn.



Wäisse Salbei


Genee dee selwechte Problem besteet mam wäisse Salbei, (salvia apiana). Do handelt et sech em en Wëllkraut, wat ursprénglech am Nordwesten Mexiko an Südwesten vun Amerika doheem ass.


Wäisse Salbei gëtt gären a Räucherbündelen kaf a fir energeetesch Räucherungen benotzt. Seng Blieder enthalen ganz vill Haarz an loossen sech dowéinst ganz gutt verräucheren. En ass fir seng staark rengegend Wierkung a Schutz virun negativen Energien beléift.


Duerch seng Beléiftheet gett de wäisse Salbei iwwererntet, sou dass mëttlerweil e ganze Schwaarzmaart mat dësem Kraut bedriwwen gëtt. Dëst stellt e riesen Problem fir d’Natur duer, well den Ecosystem drënner leid.


Anersäits, duerch de grousse Succès an der weltwäiter Wellnessindustrie, sinn ëmmer méi indigeen Vëlker déi keen Accès méi op dëst Wëllkraut kréien. Des Planz huet Hellegkeetsstatus bei den Lakota, Comanche, Cheyenne, Arapaho, and Navajo. Fir si ass des Planz Deel vun enger generationeller Liewenskultur, dësen Doft begleet si duerch all Liewensofschnëtt: Si kommen mat dësem Doft op d’Welt, well bei all Gebuert domat geräuchert gëtt an och d’Gebuertsbett domat fierbereed gëtt. Déi Verbindung zu dëser Planz geet sou déif, dass mir eis dat hei net mol kenne virstellen.


Et kann een net einfach dovunner ausgoen, dass si dorop verzichten sollen, just fir dass mir – op der anerer Säit vun der Welt – rekreativ dovunner profitéieren kennen.



Hierkonft vun de Kraider an en Zréckkommen op eis heemesch Planzen


Well ech mëttlerweil vill räucheren, ass et mir immens wichteg ze wëssen, wou meng Kraider hierkommen. Wann ech energeetesch well schaffen, spriech e Raum oder eng Aura energeetesch rengegen, ass et mer wichteg ze wëssen, wéi ee Planzematerial ech do benotzen an a wéi enger Qualitéit. Wann ech meng Planzen sammelen, passen ech op wou ech se plécken, ech plécken net op verknaschten Platzen, laangt enger Strooss oder enger Fabrick zB. well ech weess dass ech dann keen rengt Planzenmaterial hunn. Et ass awer immens schwéier bis onméiglech ze wëssen, wou mäi Räucherwierk hierkënnt, wéi ethesch et gepléckt gouf, wann et vun der anerer Säit vum Planéit kennt.


Wat den etheschen Punkt ugeet, do kann ech a mengen Aen guer net grouss argumentéieren - souguer wann ech nëmmen ganz seelen géif räucheren, kéint ech et net vertrieden, dass fir mäi Luxus indigeen Vëlker schwéieren oder guer keen Accès méi un hier helleg Planz hunn.


Eng aner Saach déi domat zesummenhänkt ass, dass ech et einfach nëmmen iwwerdriwwen ass, wann ee bedenkt, dass een Planzen vun der aner Säit vum Planéit benotzt, wann mir hei alles hunn, wat mir brauchen: Mir hunn eenheemesch Kraider mat alle facettëräichen Eegenschaften, déi een sech nëmmen kann virstellen. Leider liewen mir an enger Welt, wou alles vermaart gëtt, sou ass et vill méi interessant ass, engem en exotescht Kraut an engem gëllenen Pabeier ze verkafen fir en Koup Geld, wéi engem ze soen, wéi eng Kraider heizuland oder an der Géigend wuessen déi een fir déi selwecht Zwecker kéint benotzen. Respektiv gëtt guer net souwäit iwwerluet, et gëtt einfach gekuckt fir dat Produkt ënnert d’Leit ze kréien an e lukratiivt Geschäft domat ze maachen.


Fakt ass, dass et wichteg ass, dass mir rëm dat schätzen léieren, wat mir an onse Géigenden u Planzen hunn. An der Kräuterkunde gett ganz oft gesoot, dass genee déi Kraider déi an denger Ëmgéigend wuessen, grad déi sinn, déis de brauchs…

Ass et net ridicule dass mir eis helleg Planzen hei als Onkraut betitelen an vernichten, wärend mir de Marché ënnerstëtzen, deen anere Vëlker hier helleg Planzen weghëllt, fir dass mir se fir deiert Geld kenne kafen?


An engem nächsten Post schreiwen ech dann méi am Detail wéi eng Kraider een als Alternative zu Palo Santo a Wäissem Salbei kann benotzen.



Comments


DSC00598-Edit copy2.jpg

Black Moon Werifesteria

De Numm Black Moon begleet mech scho zanter 2019, deemools war et mäi Pseudonym fir meng Fotografie. Hannert dësem steet meng Léift zum Mound an awer och zur Däischtert, de Schwaarzmound also. 

Wou ech meng Aktivitéit am Beräich vun der Spiritualitéit gegrënnt hunn, wollt dësen Numm onbedéngt bäibehalen. An desem Beräich beschäftegt een sech allgemeng vill mat der Luucht, wat och wonnerschéin ass. Mech faszinéiert awer och déi déif Däischterheet an deem d'Luucht gebuer gëtt. An den däischter Ecker vun eiser Séil fënnt een oft déi déifsten an wichtegst Informatiounen.

Deem huet sech den erfonnten Begrëff Werifesteria bäigefüügt, deen souvill bedeit wéi "sech am Zauber vum Bësch verléieren", wat definitiv eng vu mengen Liblingsbeschäftegungen ass. Déi déif Verbindung zur Natur bréngt net nëmmen Magie an eist Liewen, se erméiglecht eis, eis mat onser eegener Séil ze verbannen.

Iwwert Mech

Mäi Numm ass Cynthia Diogo. 

Ech sinn e Naturmënsch an als Äerdzeechen Jongfra fillen ech mech déif verbonnen mat eiser Äerd. Dofir ass et mer mëttlerweil sou wichteg ginn, hir meng Stemm ze ginn. 

Ech si vun Natur aus introvertéiert, verbréngen gären souvill Zäit wéi méiglech eleng an der Natur, sou lueden ech mech op.

Ech kennen keng Langweil, ech sinn e chaoteschen Liewenskënschtler, deen méi Projet'en am Kapp huet, wéi Zäit se ëmzesetzen a sinn ëmmer um kniwwelen.

 

Mech langweilt Smalltalk, meng Séil seent sech no déiwen Connectiounen. 

 

Ech si zanter ëmmer e grousse Fan vun de nordesche Länner, laang wosst ech net wisou, mee wou ech de nordesche Schamanismus entdeckt hunn, huet bemol alles Sënn gemaach. 

selfportrait.jpg
bottom of page